Dir/Du wëlls Dëschtennis spillen, virwat nët bei eis?!

Mir, den DT GROUSSBUS-MÄERZEG, siche och elo nach ëmmer Spiller a Leit, déi wëlle spillen fir all eis Equippen ze verstäerken. Hues du Interessi um Dëschtennis a bass bereet ze spillen? Da mell dech iwwert eisen Kontaktlink. Du hues nach ni gespillt oder als Kand emol a wëlls elo erëm ufänken? Och kee Problem! Mell dech oder komm Donneschdegs op Mäerzeg an d’Sportshal, oder Dënschdes zu Groussbus an  sportshal “Prommenhaff”. Du bass häerzlech Wëllkomm!