De Veräin

Den haitigen DT Groussbus-Mäerzeg ass entstan Mëtt des Joeres 1997 duerch d’Fusioun vum deemoolegen DT PALETTE 66 GROUSSBUS, deen 1966 gegrënnt gi war, an dem DT 77 MAERZEG, deen 1977 gegrënnt gi war. Déi éischt Gespréicher iwwert eng eventuell Fusioun sinn deemools vun de Spiller aus deenen zwee Veräiner gefouert ginn, dëst am Kader vun der deemooleger “COUPE DE LA WARK”. Een Tournoi zwëschen den Dëschtennisveräiner aus den Uertschaften, déi un der Wark leien. Dës Coupe gëtt nach haut, vun nach ëmmer deene selwechte Veräiner gespillt. Den DT MAERZEG hat deemools ee Problem, deen zu Groussbus zwar nach net bestan huet, an awer ewéi een Damoklesschwäert iwwert dem Veräin hung, nämlech ee Mangel u Spiller, deen et géif erlaben homogen Equippen zesummenzestëllen. Schnell war d’Entscheedung getraff, datt Komiteeë vun deenen zwee Veräiner sech sollten domat befaassen a kucke wat méiglech wär. Ënnert der Leedung vun deenen deemoolege Presidente Medart Neises an André Heintz goufen innerhalb kuerzer Zäit Neel mat Käpp gemaach. An am Abrëll 1997 war et dunn esou wäit, an op zwou eenzelen ausseruerdentleche Generalversammlunge gouf bal eestëmmeg d’Fusioun beschloss, eng Fusioun déi dann och fir d’Saison 1997/1998 Realitéit wor.

Ab der Saison ass, deen dunn neie Veräin als DT GROUSSBUS-MAERZEG mat Sëtz zu Mäerzeg ugetrueden. Gespillt gouf mat de Jugendequippen zu Groussbus a mat de Seniorsequippen zu Mäerzeg, dëst well déi jeeweileg Halen, deenen entspriechenden Ufuerderungen am beschten gerecht goufen. Bei sengem Start hat deen neie Veräin 55 Spiller, agedeelt an 5 Seniors-, enger Minimes-, enger Scolaires- an enger Jeunesequipe. War dat éischt Joer, och vir un allem, duerch Turbulenzen am Komitee gepräägt, esou hunn d’Spiller awer all hiert Bescht ginn an déi éischt Resultater waren och ganz uspriechend.

Wéi an all Veräin huet och den DT Groussbus-Mäerzeg während deene vergaangene Joerzéngten, wat Unzuel un Equippe betrëfft, eng Rei Héichten an leider och Déiften kannt, mee nëtdëstdotrotz gouf Zilsetzung aus den Grënnungsstatuten héich gehal “promouvoir le Tennis de Table”. Mat Hëllef vun alle Memberen gouf och un dësem gemeinsamen Zil geschafft. An dëst ass och nach haut, wou de Veräin aktuell mat 4 Equippen am Seniorschampionat spillt, de Fall.

 

Spiller, déi 1997 bei der Fusioun dobäi waren

Esou richteg zesumme gewuess sinn déi zwee Veräiner awer iwwert een Ausfluch op Vöcklamarkt Enn der Saison 1998/1999. Wou d’Memberen op emol fest gestallt hunn, datt deen een oder deen anere Spiller net nëmmen Dëschtennis ka spillen, mee datt e mat him och ka gutt a vill laachen. Doraus ass dunn och eng, bis haut bestoend, Traditioun entstan, zesummen als Veräin, no de Matcher iessen ze goen, ze laachen, ze gecksen, awer virun alllem Kollegiaalitéit heich zehalen. An, an deene folgende Joeren gouf nach méi wéi een Ausfluch organiséiert, ëmmer ërem mat der Zilsetzung Kollegiaalitéit ze fuederen, engem klenge Veräin, säin wichtegst Kapital.

Déi esou entstane Kollegiaalitéit ass bis haut och nach ëmmer ee vun deene wichtegste Piliere vum Veräinsliewen, dat an deene vergaangenen zwanzeg Joer niewent villen Héichten och Déiften kannt huet.

Vun Ufank u gouf och versicht Jugendaarbecht ze leeschten, eppes wat am Dëschtennis generell net ganz einfach ass. An dach konnten an all deene Joeren och am Jugendberäich sportlech méi e wéi uspriechend Resultater erzielt ginn.