Startsäit

Wëllkomm um Internetsite vum Dëschtennis GROUSSBUS-MÄERZEG
Bienvenue sur le site du Tennis de Table du DT GROUSSBUS-MÄERZEG
Bem-vindo ao site de tenis de mesa DT GROUSSBUS-MÄERZEG

Sportler Eierung den 13.01.2023 zu Groussbus

Den 13 Januar waren mir zu Groussbus op der Sportleréierung.

Enner Anerem goufe eis 1t Equipe geeiert duerch een Opstig vun der 3. Divisioun an déi 2 Divisioun an der Saison 21/22. Dann goufen eis 2 an 3 Equipe och duerch een Opstig vun der 4. Divisioun an déi 3. Divisioun geéiert.

An net ze vergiessen gouf eis Nowuessspillerin Dana Weiler, als Finalistin op den Landesmeeschterschaften an der Kategorie Simple/Dame D geiert.

Mir wënschen den Spillerinnen an Spiller vum DT Groussbus Mäerzeg och am Joer 2023 weider sportlech vill Erfolleg.

 

 

Training

Hues du Loscht eng nei Sportart z’entdecken? Da bass du beim Dëschtennis Groussbus-Mäerzeg genau richteg!

Den DT Groussbus-Mäerzeg bitt dir folgend Méiglechkeeten:

  • Training Dënschdes (Groussbous) an Donneschdes (Mäerzeg) mat engem Trainer!
  • beim Championat matzespillen an do däi Kënne géint aaner Spiller ënner Beweis ze stellen
  • un Turnéiren deelzehuelen
  • eng gutt Ambiance

Mir hunn Dënschdes zu Groussbus an der Sportshal (5 rue de Bastogne L-9154 Grosbous) an Donneschdes zu Mäerzeg (22 rue Principale L-9168 Mertzig) Training, ëmmer vun 18.30 bis 21.30. Fir Jugend fënnt Donneschdes ab 18.30 och den Training mat engem Trainer statt.